MWT

“I wish you a good appetite” sot d’lëtzebuergesch Madame um Nopeschdësch zu hirem englesche Begleeder. Deen hat sech bal fatzeg verschléckt, sot awer mat engem Schmunzen héiflech “thank you” ...

De Mann vun der Insel huet sech, wéi et schéngt, mat de lëtzebuergesche Ëmganksformen auskannt, a wosst, datt d’Madame just eng lëtzebuergesch Gewunnecht racksdeg a wuertwiertlech an d’Englescht iwwerdroen huet.

Beim Iwwersetze geet et net duer, e Wuert an där enger mat engem Wuert aus där anerer Sprooch auszetauschen. Grammaire an Orthographie gehéiere wuel zum Handwierksgeschir vum Iwwersetzer, mee donieft muss hie genuch iwwer Kultur, Politik, Gesellschaft, Institutioune vum jeeweilege Land wëssen. En Iwwersetzer muss et fäerdeg bréngen, datt deen, deen d'Iwwersetzung am Grapp huet,  net den Hick beim Liese kritt wéi den Englänner beim Iessen.